Skip to content
Scharel edited this page Jun 17, 2017 · 8 revisions

ACEL Lidderbuch fir SailfishOS

Lidderbuch Icon

Dës ass eng App, di divers Liddtexter vun typeschen Studentelidder enthält.

Dës App benotzt Liddtexter vun der ACEL (https://acel.lu) mat Hëllef vun der AcelApi (https://github.com/AcelLuxembourg/AcelApi). D'ACEL ass net den Entwéckler an domadder och net Verantwortlech fir den Ënnerhalt vun der App.

Funktionalitéiten

Versioun 0.1-1

  • Beim éischten Start vun der App ginn d'Liddertexter iwwer d'AcelApi aus dem Internet gelueden.
  • Duerno sinn d'Texter och offline verfügbar.
  • Op der Startsäit kennen d'Texter nei erofgeluede ginn.
  • D'Schrëftgréisst kann vun "Kleng", iwwer "Mëttel" an "Grouss" bis "Ech si voll" agestallt ginn.

Versioun 1.0-1

  • Sichen vun Lidder per Nummer oder Numm.
  • Detail Säit vun de Lidder.

Versioun 1.2-1

  • Duerch tippen op en Lidder-Text kann eng Zeil no der anerer markéiert ginn vir net an déi falsch Zeil ze rutschen.
  • Den Internet-Link zu engem Lidd kann an d'Tëschenoflag kopéiert ginn.

Download

D'App kann iwwer de Jolla Store erofgeluede ginn.
Alternativ kennen d'Installatiounsdateien och direkt erofgeluede ginn (Versioun 1.2-1): ARMv7, i486
A béide Fäll gëtt en Handy mat SailfishOS gebraucht.

Hëllef

Sollten iergend eng Problemer mat der App optauchen, kann entweder am Jolla Store oder hei op GitHub e Kommentar hannerlooss ginn. Verbesserungsvirschléi ginn och gären ugeholl, ob des ëmgesat ginn, hänkt dovun of wei vill Zäit ech kréien ;)

Screenshots

Hei sinn e puer Screenshots vun der App.

Clone this wiki locally